Mossgeschneidert Fousssuelen


Orthopädesch Einlegesohlen sin Strukturen dei een eraushuelen kann. Dei wierken sech op d’Plantaroberfläch vum Fouss aus. Just Leit mat mossgeschneidert Suelen profiteiern vun enger pauschaler Ennerstetzung duer sozial Organisatiounen. Et gin verschidden Hierstellungstechniken. Lieder an Fell gin emmer mei oft duerch thermoformbar Materialien ersat, dei d’Fousssuelen formen an eng therapeutesch Erliichterung dobai fügen. Die befannen sech op der Lescht vun den erstattungsfähegen Dienstleistungen an Produiten enthalen:

  • fir eng fehlerhaft Foussstatik oder eng Anomalie vun der Phantarentlaschtung ze korrigeieren
  • Foussanomalie ausglaichen
  • Schmerzhaft Plantarstützen linderen an offiederen
  • Vermeidet Onglaichgewicht


Et ged zunächst eng vollstänneg Ennersichung vum Patient duergefouert, net nemmen vum Fouss, mee vum gesamten Kierper, domat een zum schluss eng global Diagnose erthält. Dei meescht Fousserkrankungen hänken normalerweis mat aneren Gelenker zesummen, dei wearend der Behandlung besser kontrolleiert gin mussen, domat een dei bescht meiglechst Resultater erzielen kann. Soubal dei Diagnose erhalen ass, gin d’Formen vun den Feiss geholl an feardeggestallt. Dei Formen sin d’Basis vun der Hierstellung vun den Suelen. D’Art vun der Form an d’Hierstellungstechnik hänken vun der Pathologie an der Art vun den Materialien of, aus denen mir se hierstellen. Mat der bereets drechner Form erhalen mir d’Modell an domat schneiden mir dei noutwendeg Materialien fir eist Modell. Soubal dei Materialien un dei Form ungepasst goufen, normalerweis duer d’Unwendung vun Wärmt, fänken mir un mat der Ferdeghierstellung vun den Plantarstützen (Suelen). Desen Prozess beinhaltet d’Auskleeden an d’Polleieren vun den Suelen. Dat ass wann mir d’Suelen un den Fouss an un den Schong unpassen. Virum Testen um Patient selwer, mussen d’Suelen vollkommen stabil sin an dierfen keng Onregelmässegkeeten opweisen, dei d’Haut verletzen keinten.