Ech hun op der Universitéit vun Barcelona Podologie studeiert an niervend villen Ausbildungskueren och zwee Opbaustudiengäng (een an Orthopädie op der Universiteit vun Barcelona) ofgeschloss. Ech sin Spezialistin fir diabetesch Fouss-, Pädiatrie-, Sportorthopädie-, an Geriatrieorthopädie mat 26 Joër Erfahrung.
Ech hat eng Podologie- an Orthopädieklinik an Spuenien (Barcelona), mam Numm “ Clínica podológica y Orthopédia Ciurana” als Podologin an Orthopädin warend 20 Joër.

An Spuenien behandelen Podologen Foussproblemer (Universitéitsstudium). Mir diagnostizeiren, verschreiwen an behandelen. Fir d’Behandelung vun sou Krankheeten verwenden mir chiropodologesch Methoden (Entfernung vun Keratopathien. Hyperkeratose an Helome, Onychocryptose, Onychomykose, Geschwüre, Plantarwarzelen asw.), orthopodologesch an biomechanesch Methoden ( Erfuerschung vum Goën, Hierstellung vun Plantarsuelen, Silikonorthesen no Moss an Prothesen) an zum Schluss, chirurgesch Methoden ( Onychocryptose, Granulom-Piogen-Ablation, Hallux Valgus, Hammer- oder Klauenzehen, interdigitale Helome, Exostosen asw.)

Dafne Ciurana